Gouf et am 19. Joerhonnert scho Ladies Nights? Falls jo, da waren d’Clara Schumann an d’Fanny Mendelssohn sécherlech mat dobäi! A falls net, dann hu mir hei eppes fir Iech.
An eisem Concert mam Titel “Ladies Night” ginn dës zwou grouss Komponistinnen nämlech an de Vierdergrond gestallt, dohinner wou si am Fong scho ganz laang hi gehéieren. An net nëmmen dës zwou Komponistinne wäerte bei eis op Besuch sinn.
Dofir lauschtert eran an de Concert “Ladies Night” a léiert e puer vun de beschte Komponistinnen aus dem 19. Joerhonnert méi genee kennen.
Dëst ass e Live Matschnëtt vum Concert vum 13. Mäerz 2026, deen am Kader vum Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg gespillt ginn ass, an deen do vum Opus fir Iech opgeholl gouf. An dës Opnam ass nach bis de 9. Juni fir Iech disponibel.
Programm:
Clara Schumann (1819-1896): Piano Trio a Sol Mineur. Op. 17
Fanny Mendelssohn (1805-1847): Piano Trio a Ré Mineur, Op. 11
Mel Bonis (1858-1937): Soir, Op. 76
Interpreten:
Pascal Monlong, Gei
Matis Grisó, Cello
Yannick Van de Velde, Piano