De Remy Franck presentéiert eng Emissioun fir de 70. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners. Um Programm sti Wierker vun him, gespillt vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, dem Radio-Symphonieorchester Saarbrécken a bekannte Soliste wéi Ortwin Stürmer, Irwine Arditti a Manuel Zurria. Mee och de Claude Lenners kënnt zu Wuert an Extraiten aus engem Archiv-Interview, deen de Remy Franck 2010 mam Komponist ënnert anerem iwwer d'Ufäng vu sengem Wee als Komponist gemaach huet.
Programm:
Claude Lenners: “Buch der Unruhe”
Luxembourg Philharmonic, Kwamé Ryan (Direktioun)
Claude Lenners: “Phaeton”
Ortwin Stürmer (Piano), Radio-Symphonieorchester Saarbrücken, Gilbert Amy (Direktioun)
Claude Lenners: “Hinter den Blitzen, rot”
Vania Lecuit (Gei), Kris Landsverk (Braatsch), Henri Foehr (Cello)
Claude Lenners: “Apollo”
Irvine Arditti (Gei)
Claude Lenners: “Half Moon Fragments”
Irvine Arditti (Gei), Manuel Zurria (Flütt), Oscar Pizzo (Piano)
Claude Lenners: “Insektenhotel” (Extraiten)
Marie-Reine Nimax (Sopran), Max Mausen (Klarinett), Hany Heshmat (Gittar)