De grousse spéitromantesche Klang vun den Okeaniden, d'Meedercher vum Mieresgott Okeanos, déi de Jean Sibelius 1914 komponéiert huet. Duerno gëtt et virtuos mam Schostakowitsch sengem zweete Geieconcerto, deen eigentlech e bëssen am Schiet vum éischte Concerto steet. An den Ofschloss mécht eng enorm grouss Besetzung vun de Lëtzebuerger Philharmoniker am Janáček senger Sinfonietta, mat 14 Trompetten.
Programm:
Jean Sibelius (1865-1957): Les Océanides, Op. 73
Dimitri Schostakowitsch (1906-1975): Concerto fir Gei Nr. 2, Op. 129
Leoš Janáček (1854-1928): Sinfonietta, Op. 60
Leonidas Kavakos, Gei
Lëtzebuerger Philharmoniker
Jukka-Pekka Saraste, Direktioun
Dëse gouf den 20. Mäerz 2026 am grousse Sall vun der Philharmonie opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis de 27. Mee 2026.