Mat engem Wierk vum Franz Schubert fänkt dëse Programm un: seng "Arpeggione"-Sonat a La Mineur aus dem Joer 1824. Et handelt sech hei effektiv ëm en Instrument, dat zu där deemoleger Zäit entstanen ass, awer duerno och nees séier u Popularitéit verluer huet. Bezeechne kann een et als Symbios tëschent engem Cello an enger Gittar.
Weider geet et mat franséische Kläng vum Claude Debussy: an der Zäit vum Éischte Weltkrich huet hie sech virgeholl gehat, eng ganz Rei u Sonate fir ënnerschiddlech Instrumenter ze schreiwen. An dësem Zyklus vun herno 6 Sonaten, sollt déi fir den Cello seng Éischt markéieren. Heibäi inspiréiert hie sech staark un den traditionell-franséische Formen aus dem 18. Joerhonnert an hëlt Komponiste wéi de Couperin an de Rameau als grousst Virbild.
Ofschléisse mécht den Duo dëse Concert da mam Johannes Brahms senger 2. Sonat fir Cello a Piano, déi eréischt iwwer 20 Joer no senger Éischter verëffentlecht gouf.
Interpretéiert gëtt dëse Programm vum Benjamin Kruithof um Cello an dem Kasia Wieczorek um Piano. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 28. Juni 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Franz Schubert (1797-1828): "Arpeggione"-Sonat fir Cello a Piano a La Mineur, D 821
Claude Debussy (1862-1918): Sonat fir Cello a Piano
Johannes Brahms (1833-1897): Sonat fir Cello a Piano Nr. 2 a Fa Majeur, Op. 99
Interpreten:
Benjamin Kruithof, Cello
Kasia Wieczorek, Piano