Jonk Nowuesstalenter fërderen: dat hunn d'Organisateure vun der Konzertreihe "Debüt im Deutschlandfunk Kultur" sech zanter 1959 op de Fändel geschriwwen. Bei dësem Concert ass et fir d'éischt de jonke franséische Pianist Jérémie Moreau, deen dem Ludwig van Beethoven säi 4. Pianosconcerto interpretéiert, e Wierk, dat nieft dem 5. Pianosconcerto dem Beethoven säi wichtegste Bäitrag zu dëser ganz beléifter Gattung ass.
Duerno héiere mir déi éisträichesch Cellistin Valerie Fritz, déi sech an hirer jonker Karriär schonn en Numm als exzellent Interpretin vun zäitgenëssescher Musek gemaach huet. Et verwonnert dann och net, datt si eis keen typesche Klassiker, mee eng Kompositioun a Form vun engem Stéck fir Cello an Orchester mam Titel "Segue" presentéiert. Dëst Wierk gouf komponéiert vum Johannes Maria Staud, engem Éisträicher, deen och Matbegrënner vun der Wiener Komponistegrupp "Gegenklang" ass.
Ganz am Ufank vun dësem Concert gëtt et awer och nach eng kleng Ouvertür vum Orchester eleng: et handelt sech heibäi ëm d'Stéck "Angel" vum éischter manner bekannte Komponist Théodore Akimenko. Dësen 1876 an der Ukrain gebuerene Komponist war ënner anerem dem Igor Stravinsky säin éischte Kompositiouns-Professer a selwer Schüler beim Nikolai Rimsky-Korsakov.
Interpretéiert gëtt dëse Programm vum Jérémie Moreau um Piano an der Valerie Fritz um Cello. Begleet gi si vum Deutschen Symphonie-Orchester Berlin ënner der Leedung vun der Barbara Dragan. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 29. Juni 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Théodore Akimenko (1876-1945): "Angel"
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Pianosconcerto Nr. 4 a Sol Majeur, Op. 58
Johannes Maria Staud (1974-): "Segue" fir Cello an Orchester
Interpreten:
Jérémie Moreau, Piano
Valerie Fritz, Cello
Deutsches Symphonie-Orchester Berlin
Barbara Dragan, Direktioun