Dëse Freideg, 19.06 um 20 Auer live aus dem Grousse Sendesaal vum SR kultur.
Nom Klarinettist a Komponist Jörg Widmann huet elo de Komponist Brett Dean d'Positioun vum Creative Partner vun der Deutschen Radio Philharmonie (DRP) iwwerholl. Den Australier war 15 Joer laang Braatschist bei de Berliner Philharmoniker, éier hie sech ganz senger Karriär als Komponist dediéiert huet.
Bei dësem Concert gëtt et eng Géintiwwerstellung vum Ludwig van Beethoven senger "Pastorale" - senger 6. Sinfonie - an der "Pastorale" fir Kammerorchester vum Brett Dean. Wärend de Beethoven Naturzeenen, e Stuerm oder och de Gesang vun engem Hiert vertount, verkierpert dem Brett Dean seng Kompositioun seng Léift fir d'Kläng vun der Natur. Wéi an der Wierkbeschreiwung ze liese steet, steet den herrleche Gesang vun de Vigel hei am Kontrast zu engem Verloschtgefill an engem Bedaueren iwwer "unser schonung- und respektloses Wüten" géintiwwer der Natur.
Programm:
Pasquale Punzo “Arcipelaghi insonni” für Orchester (UA)
Brett Dean: “Pastoral Symphony” für Kammerorchester und Tonband
Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr. 6 F-Dur op. 68 “Pastorale”
Interpreten:
Deutsche Radio Philharmonie
Martyn Brabbins, Dirigent
Brett Dean, Creative Partner
Roland Kunz, Moderation (SR Kultur)