Den 20. Mee 2026, ass den 130. Doudesdag vun der Clara Schumann. Si ass eng vun de wéinege Komponistinnen aus der Romantik, déi een haut nach kennt.
Déi franséisch Journalistin a Musikologin Aliette de Laleu, huet sech vill mat der Clara Schumann hirem Liewe beschäftegt. Ënner anerem mat der Fro firwat si mat 34 Joer schonn opgehalen huet mat komponéieren. Am Interview mam Christophe Mirkes huet d'Aliette de Laleu och verroden ob d'Clara Schumann, trotz hirem Bekanntheetsgrad, hirer Meenung no genuch Unerkennung kritt oder net.