Den Duo Kiasma, bestoend aus den zwee Museker Pierre Fontenelle (Cello) a Frin Wolter (Akkordeon), beschreiwen sech selwer dacks als "onklasséierbar a punkto Repertoire an eklektesch."
An och als Solo-Kënschtler weisen déi zwee Museker, déi eng enk Frëndschaft matenee verbënnt, datt si d'Klassik ganz oppen an innovativ gesinn.
Firwat gouf elo awer eréischt no 10 Joer ee gemeinsamen Debut-Album opgeholl? Wat sinn d'Beweeggrënn hanner dem Projet "Duo Kiasma"? A wéi spiere si sech selwer als besonneschen Duo an der Zeen wouergeholl? Dat alles verrode si dem Lex Kauffmann am Harmonesche Moien a spillen am Opus Studio live Wierker aus hirem neien Album.