15.-21. Oktober 2026, Grand Théâtre
Giuseppe Verdi: Otello
Lëtzebuerger Philharmoniker
Jiulio Cilona, Direktioun
Nei Inszenéierung vum Ted Huffman, dem neien Direkter vum Festival vun Aix-en-Provence, am Italie vun de 1950er Joren. Et ass eng Epoch, an där Glanz a Gewalt niewentenee stinn. Den Huffman konzentréiert sech dobäi op deene Manipulatiounsspillercher vun de Protagonisten an awer och op déi zentral Roll, déi de Chouer spillt.
27.-29. November 2026, Grand Théâtre
Christoph Wilibald Gluck: Iphigénie en Tauride
Ensemble Le Consort
Les Éléments
Théotime Langlois de Swarte, Direktioun
D’Geschicht spillt op der Hallefinsel Tauris e puer Joren nom Trojanesche Krich an handelt ëm d’Schicksal vun de Kanner vum Agamemnon. Introduktioun vum Regisseur Wadji Mouamad, fir d’Geschicht aus der griichescher Mythologie ze situéieren. Eng Coproduktioun vun der Opéra-Comique, der Opéra du Capitole an de Stater Theateren. De Barockensembel Le Consort spillt dobäi op historeschen Instrumenter. Mat dobäi ass och de Chouer les Éléments, esou wéi eng Rei Ancienen aus der Académie de l’Opéra-Comique.
31. Dezember 2026-3. Januar 2027, Grand Théâtre
Leonard Bernstein: Candide
Opéra national de Nancy-Lorraine
Gaetano Lo Coco, Direktioun
Baséiert op en Text vum Voltaire a kritiséiert d’Gesellschaft vu senger Zäit duerch d’Geschicht vum jonken, naive Candide, deen eng deelweis katastrophal Helderees duerchgeet. Debut vun der Metteuse-en-scène Myriam Müller, Artiste Associée am Groussen Theater. Mat dobäi ass och de Szenograf Christian Klein, d’Costumière Sophie Van den Keybus an de Schauspiller Jules Werner, mat deenen d’Myriam Müller regelméisseg zesummeschafft. Coproduktioun vun de Stater Theateren an dem Opéra National de Nancy-Lorraine, dee mam eegene Chouer an Orchester kënnt.
04.-05.Februar 2027, Kapuzinentheater
Diana Soh: Zylan ne chantera plus
Monodrame vun der Komponistin Diana Soh. Zylan ne chantera plus ass d’Geschicht vum Sänger Zylan, dee wéinst senger Homosexualitéit verfollegt, gefoltert a schlussendlech ëmbruecht gëtt. Op der Bün stinn niewent dem Tenor Benoit Rameau och eng elektresch Gitar, en Cello a Perkussioun.
21.-23. Mee 2027, Grand Théâtre
Pascal Dusapin: Il Viaggio, Dante
Chouer vun der Staatsoper Hannover
Lëtzebuerger Philharmoniker
Roland Kluttig, Direktioun
D’Oper a 7 Tableauen ass eng Hommage un de Philosoph an Dichter Dante, dee virun 700 Joer gestuerwen ass. Dobäi kann ee materliewen, wéi dee jonken an den alen Dante sech ënnerhalen an dat an eiser heiteger Zäit.