D’Anne Galowich ass Clavecinistin a Proff um Stater Conservatoire – an hiren Urgrousspapp, den Étienne Galowich, war e Konschtschmadd mat ursprénglech ungarescher Nationalitéit, deen op Lëtzebuerg komm ass an de Jugendstil hei am Land matgepräägt huet. E puer vu senge Wierker sinn de Moment an der Ausstellung “Vu Lilien a Linnen: Jugendstil, Handwierk a Konscht zu Lëtzebuerg” am Nationalmusée um Fëschmaart ze gesinn. D’Oceana Kaell an d'Marie Trussart sinn zesumme mat der Anne Galowich duerch d’Ausstellung gaangen, wou si dem Étienne Galowich säi Liewe retracéiert - an de Lien mécht tëschent Konscht, Musek an Identitéit.
D'Ausstellung ass nach bis den 18. Oktober ze gesinn. Méi Informatioune sinn ze fannen op www.nationalmusee.lu/de/ausstellungen.