Iwwer d'Grenz fuere fir akafen ze goen? Dat ass keng Seelenheet an der Grenzregioun. Mee fir d'Kultur deplacéiere mir eis manner gären, an doru wollt de Joachim Fontaine eppes änneren. Sou ass den "Orgelfestival Grande Région" entstanen. Fënnef Concerten op fënnef Uergelen a fënnef Ecke vun der Groussregioun ëmfaasst dës éischt Editioun, an den éischte Concert fënnt zu Lëtzebuerg statt. Nämlech spillt de Steven Grahl den 23. August um 16:30 an der Église Saint-Michel Wierker vu Johann Sebastian Bach, Nicolaus Bruhns, William Byrd a Jehan Alain.
De Joachim Fontaine verréit méi iwwer d'Entsteeung an de Programm vum Projet an doriwwer, wat hien sech vum Festival erhofft.
Méi Informatiounen iwwer déi eenzel Concerte fënnt ee geschwënn op https://www.diekoenigin.org/festival.