Episod 19 - Benjamin Schäfer

headphones

67 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Eise nächste Gaascht beim Klassik Talk ass de Benjamin Schäfer. Déi meeschte kennen hien als  Perkussionist a Solopauker bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, oder och als Dirigent vum Orchestre Place de l'Europe. Haut léiere mir de Benjamin Schäfer op eng ganz perséinlech Artaweis kennen. Hien zielt eis iwwer seng Saarlännesch Wuerzelen a wéi seng musikalesch Rees mat enger Blockflütt am Keller vu senge Grousselteren ugefaangen huet a mat der Duerfmusek weidergaangen ass. Hien erkläert, wéi hien am richtege Moment déi richteg Leit bei sech hat, déi hie gepusht hunn. Mat nëmmen 22 Joer huet de Benjamin Schäfer säin Draam erfëllt bei engem Philharmoneschen Orchester matzespillen, wou hien seng Platz bei de Lëtzebuerger Philharmoniker krut. Hien erkläert den Ënnerscheed tëschent enger Batterie a Perkussioun a weist dem Marie Trussart de geféierlechste Rhythmus, deen et fir en Drummer gëtt. Hien zielt zudem och iwwer déi kuriésesten Instrumenter, déi hien als Perkussionist je misst spillen a firwat hien duerch d’Dirigéieren e bessere Perkussionist ginn ass.  Zësumme lauschtere mir an deene Stécker ran, déi säi Liewe geprägt hunn, souwuel als klenge Jong am Saarland, wéi och als Perkussionist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. An hie verréit, wat hien zur Zäit beschäftegt. Spoiler: et geet net ëm Musek.

D’Playlist vum Benjamin Schäfer:

Gustav Peter (1833-1919): Erinnerung an Zirkus Renz (Solo fir Xylophon a Blosorchester)

Richard Strauss (1864-1949): Auf Dem Gipfel, aus: Eine Alpensinfonie, Op.64

Maurice Ravel (1975-1937): Boléro

Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Alegretto, aus: 7. Sinfonie an Do majeur, op. 60

Anton Bruckner (1824-1896): Adagio, aus: Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur

Traditionell: Glück auf, der Steiger kommt

Episoden

"Ech gesi mech eigentlech als Restauratrice de l'art"

"Ech gesi mech eigentlech als Restauratrice de l'art"

Extrait 3/5
headphones

4 min

play_arrow
"D'Instrument ass einfach de Schlëssel zur Interpretatioun vun engem Stéck"

"D'Instrument ass einfach de Schlëssel zur Interpretatioun vun engem Stéck"

Extrait 2/5
headphones

5 min

play_arrow
"Clavecinisten, dat sinn d'Pianisten, déi et um Piano net gepackt hunn!"

"Clavecinisten, dat sinn d'Pianisten, déi et um Piano net gepackt hunn!"

Extrait 1/5
headphones

6 min

play_arrow
Episod 26 - Anne Galowich

Episod 26 - Anne Galowich

Clavecinistin a Restauratrice de l'art
headphones

68 min

play_arrow
"On a fait une soirée couscous avec plein de copains"

"On a fait une soirée couscous avec plein de copains"

Extrait 5/5
headphones

4 min

play_arrow
"C'est une école de l'humilité, le jazz"

"C'est une école de l'humilité, le jazz"

Extrait 4/5
headphones

5 min

play_arrow
"L'orchestre, c'est une grande famille"

"L'orchestre, c'est une grande famille"

Extrait 3/5
headphones

5 min

play_arrow
"J’ai gagné le concours ... et maintenant, qu’est-ce que je fais ?"

"J’ai gagné le concours ... et maintenant, qu’est-ce que je fais ?"

Extrait 2/5
headphones

4 min

play_arrow
"La musique, c'est une rencontre avec un instrument et avec un prof"

"La musique, c'est une rencontre avec un instrument et avec un prof"

Extrait 1/5
headphones

4 min

play_arrow
Episod 25 - Arthur Stockel

Episod 25 - Arthur Stockel

Seng Plaz a seng Stëmm fanne mat der Klarinett
headphones

54 min

play_arrow
"Well ech an engem Ëmfeld sinn, an deem ee seet "du bass schwaarz"

"Well ech an engem Ëmfeld sinn, an deem ee seet "du bass schwaarz"

Extrait 4/4
headphones

6 min

play_arrow
"Et gëtt keng aner Alternativ: Ech muss sangen. Ech muss sangen."

"Et gëtt keng aner Alternativ: Ech muss sangen. Ech muss sangen."

Extrait 3/5
headphones

5 min

play_arrow
"Jugendlicher Leichtsinn. Dat war de Wansinn"

"Jugendlicher Leichtsinn. Dat war de Wansinn"

Extrait 2/5
headphones

4 min

play_arrow
"Wéi et méiglech ass, dat een esou séngt, datt ech Atemnot kréien?"

"Wéi et méiglech ass, dat een esou séngt, datt ech Atemnot kréien?"

Extrait 1/5
headphones

5 min

play_arrow
Episod 24 - Marie-Christiane Nishimwe

Episod 24 - Marie-Christiane Nishimwe

D'Gebuergenheet vun der Stëmm
headphones

81 min

play_arrow
"Dat war eng ganz Rei vun Zoufäll"

"Dat war eng ganz Rei vun Zoufäll"

Extrait 5/5
headphones

7 min

play_arrow
"Eng Programmatioun, déi haut konservativ ass, ass wéinst engem blannen A"

"Eng Programmatioun, déi haut konservativ ass, ass wéinst engem blannen A"

Extrait 4/5
headphones

5 min

play_arrow
"Datt do vun enger Fra rieds war, dat war eng absolut Ausnam"

"Datt do vun enger Fra rieds war, dat war eng absolut Ausnam"

Extrait 3/5
headphones

6 min

play_arrow
"Mam Competitiounsgedanken an der Musek hunn ech bis haut meng Problemer"

"Mam Competitiounsgedanken an der Musek hunn ech bis haut meng Problemer"

Extrait 2/5
headphones

7 min

play_arrow
Episod 23 - Danielle Roster

Episod 23 - Danielle Roster

"Eng Musekswëssenschaftlerin ass näischt aneschters, wéi en Detektiv"
headphones

73 min

play_arrow