Eng Etüd mat insgesamt 67 Studien an 28.000 Leit aus 21 Länner weist: bis zu all drëtte Museker ka vun Tinnitus, Hypersensibilitéit oder weidere méi staarke Follge betraff sinn.
Insgesamt 67 Etüde goufen duerchgeféiert, mat 28.000 Leit aus 21 Länner an engem Duerchschnëttsalter vu 34,7 Joer. D'Resultat: Wéinstens all drëtten/drëtt Museker:in war deemno vun Hypersensibilitéit oder Tinnitus betraff, all véierten hat ee méi staarke Problem mam Héieren.
Fir 42,6 Prozent stellt den Tinnitus een héije Beruffsrisiko duer. Mee dëst ass awer net den eenzege notabelen Nodeel. Och d’Sensibilitéit op alldeeglech Geräischer: Stroossekaméidi, Geräischer am Schaffëmfeld, am Supermarché oder Parken. Alles dat kann een negativ beaflossen, andeems ee vill méi sensibel drop reagéiert. Verschidde Genrë sinn net méi oder manner betraff. Et géif vill vun der Dauer ofhänke wéi laang een den héijen Dezibel, spriech haarde Kläng ausgesat wier.