Viru genee 50 Joer, den 23. August 1976, net wäit vum Vierwaldstättersee zu Meggen an der Schwäiz, feiert déi deemools 13 Joer jonk Geiistin Anne-Sophie Mutter hiren Debut. Programméiert si Wierker vun Tartini, Bach, De Falla, Paganini a Pablo de Sarasate.
Ugekënnegt ass een Duo mat Piano a Gei: de 14-järege Christophe Mutter an dat 13-järegt Anne-Sophie.
Et war wuel een immens waarmen Dag, dat geet aus Interviewe mat der Anne-Sophie Mutter ervir, an si ass souguer um Dag vun hirem Debut an domat éischtem ëffentleche Concert bal iwwer een Teppech gefall, dee wuel net ganz riicht um Buedem louch. Ob duerch Nervositéit oder net ass net gewosst. Wat fest steet, d’Anne-Sophie Mutter ka mat hirem Talent d’Leit an der Stad an och doriwwer eraus a voller Linn begeeschteren. Esou staark, datt souguer de Star-Dirigent Herbert von Karajan vum Talent vum jonken Anne-Sophie matkritt an hatt kuerzerhand freet, virspillen ze kommen. Doraus entstinn ee Concert mat de Berliner Philharmoniker a 50 Joer Karriär op de grousse Weltbünen, mat 9 Echoen, 4 Grammys an onzielege weideren Auszeechnungen.