Zënter 1985 ass de Moselmusikfestival net just fir déi däitsch Museksfrënn, mee och fir Lëtzebuerg eng flott Geleeënheet nei Genren, Formatiounen oder Wierker kennenzeléieren.
Dëst Joer bitt de Festival 5 Concerten am Juli, 18 am August, 16 am September an och nach zwee Concerten am Oktober un, bei deenen een zu Tréier, Koblenz an no u Lëtzebuerg eng breet Panoplie u Museksstiler gebuede kritt. Klassesch Musek, Jazz, kulturell Aflëss an och Neiinterpretatiounen oder d'Verschmëlze vu Museksgenren. Dobäi huet een dëst Joer d'Concerten deelweis och a Formater encadréiert.
Nieft eenzele Concerten a klenger bis mëttlerer Besetzung ginn och Concertsreien ugebueden.
"Weinklang" mat Concerten an eise Wäigéigende laanscht d'Musel. "Nachts in", ee besonnescht d'Concertsformat, wéi den Numm et seet an deen op méi spéiden Dageszäiten ugebuede gëtt. Oder och Highlight-Concerten, déi mat "Special" vermierkt sinn.
Mee net just besonnesch Interprete wéi de Westminster Cathedral Choir, de Kammerchorchester vu Basel an d'Deutsche Staatsphilharmonie Rheinland-Pfalz , och d'Locations sinn deelweis "special". Kléischter, een Doum, Schlässer a souguer Industriegebidder loossen d'Plaz vum Concert net méi just zum Niewenduersteller ginn.
Lass geet et dësen Donneschdeg, den 23. Juli 2026 mat engem Mandolinne Concert zu Bernkastel.
De komplette Programm mat de Concerte fannt Dir ënner www.moselmusikfestival.de.