Agedeelt an zwou Sektiounen, hu Jonk an Al d’Chance hiert Kompositiounstalent beim Concours "Artistes en Herbe" ënner Beweis ze stellen.
Ugefaange mat der Sektioun “Junior”. 3 Alterskategorien duerfen hir Kompositiounen eraschécken. Bis 10 Joer, tëscht 11 a 15 oder tëscht 16 an 19 Joer.
An och déi Erwuessen, déi dann an déi zweet Sektioun “Senior” falen, duerfe Kompositiounen eraschécken. Hei ginn et da véier Instrumentekategorien: “Piano an Akkordeon”, “Gei oder Cello”, “Flütt oder Klarinett” an “Stëmm a Chouer”. Fir Solo-, Kammermusek oder Orchester kann ee senger Kreativitéit fräie Laf loossen.
Stéchdatum ass den 20. Mäerz 2027, d’Iwwerreechung vun de Präisser ass fir de 16. Abrëll virgesinn.
Organiséiert gëtt dëse Concours vum Lëtzebuerger Kulturministère an der SACEM.
Alleguerten d'Infoe ginn et och ënner www.artistesenherbe.lu