Zënter 2008 gëtt de Prix Arts et Lettres am Ofstand vun zwee Joer deene Kulturschafenden iwwerreecht, deenen hiert "Talent an Engagement zu der Entwécklung an der Fërderung vum kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg bäidroen", sou de Wuertlaut aus dem offizielle Schreiwes, dat mir kruten. An effektiv sinn d'Beräicher vun der Kultur breet gefächert, vun Danz, Film, Molerei, Theater iwwer Literatur, Architektur an och Musek.
De Pit Brosius ass zu Lëtzebuerg fir säin Engagement an der Klassikzeen bekannt. Hien ass Dirigent, wéi och kënschtlereschen a musikalesche Leeder vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg, kuerz dem ONJ. Mam ONJ huet hien all Joers zwee Programmen zesumme mat internationale Solistinnen a Solisten initiéiert, wéi dëst Joer mam Pianist Joseph Moog, wou se och zu Berlin am Konzerthaus am Kader vum Young Euro Classic Festival gespillt hunn. Hie bréngt iwwerdeems Erfarung als Dirigent aus Maastricht an Amsterdam mat, schafft selwer als Enseignant fir Fagott an Orchesterleedung an huet bei Projete mat bekannte Solistinnen a Solisten, Orchesteren an Dirigente bei ënner anerem och Opereproduktiounen am Ausland matgewierkt. Fir den Opus huet hien och ee Podcast mam Numm “Hanner den Téin” geleet, iwwer Nei Musek an d’Perceptioun dovun.
De Pit Brosius kritt de Konscht- a Literaturpräis “Art et Lettres“ offiziell dann elo dëse Freideg, de 27. November am Mierscher Theater iwwerreecht. Mat dobäi si United Instruments of Lucilin, déi op den ONJ treffen an zesumme fir de musikaleschen Encadrement suergen.
Och wäert et eng Usprooch vum Camille Kerger ginn, President vun der Sous-Sectioun “Musek”, deen iwweregens als Komponist och duerno am musikalesche Kader programméiert ass. Iwwerreecht gëtt de Prix Arts et Lettres 2026 vum Charles Meder, President vun der Sektioun Art et Lettres vum Institut Grand-Ducal, wéi och der Carla Lucarelli, der Vizepräsidentin vun der Sektioun.