Hutt dir schonn eemol vum Prix Mameranus héieren?
Zënter den 1990er Joren ass dëst eng national Auszeechnung vun der Gemeng Mamer an der Stëftung fir jonk Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg, déi sech op de Nowuess an der Kulturzeen fokusséiert. Benannt ass de Präis nom Nicolaus Mameranus, Lëtzebuerger Historiker a Renaissance-Humanist.
Dëst Joer, fir d’Editioun 2026, ass dann elo och bekannt, wien de Mameranus-Präis entgéint huelen dierf: den Daniel Migliosi. Hien ass 22 Joer jonk an am In- souwéi dem Ausland als Trompettist ënnerwee.
Zu Esch huet fir hie seng Karriär am Conservatoire mat Harmonie, klassescher Trompett a Batterie mat 8 Joer ugefaangen. Spéider geet et fir den dräifache Golddréier vum Concours Jeunes Solistes un d’Kölner Héichschoul fir Musek an Danz a mat Jazz-Trompett virun.
Den Numm Daniel Migliosi huet een dann och schonn op de grousse Bünen héieren. Mer erënneren eis un de Kinnekswiss Loves Concert am Juli 2025. Mee och bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Militärmusek a bei Big Bands wéi zum Beispill der Bigband vum West Deutschen Rundfunk war hie schonn dobäi. Aktuell ass den Daniel Migliosi Member vum “Orchestre National de Jazz France” an dem Bundesjazzorchester.
Elo steet dann een Albumrelease d’nächst Joer un, dat no sengem Debüt 2022 an och 2024.
De Prix Mameranus gëtt den 12. November dëst Joer um aacht Auer Owes am Festsall vum Mamer Schlass iwwerreecht. Do spillt den Daniel Migliosi dann och ee Concert. Umelle kann een sech nach bis den 9. November. Méi Infoen ënner www.mamer.lu