
arrow_back_ios
opus
opus
/ Moiesstudio
Episoden


E-Voting: an Estland schonn zënter 20 Joer Realitéit
Wéi funktionéiert d'Wielen iwwer Internet an där baltescher Republik? Explikatioune vum Mihkel Solvak, dee sech op der Universitéit vun Tartu an Estland intensiv mam Sujet befaasst.

Franséischen Atomschierm fir Europa
Mei strategesch Autonomie a Schutz duerch franséisch Atomwaffen?

Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?
Mir froen eis Korrespondentin zu Moskau, d'Inna Hartwich.
Dat bréngt den Dag
G7-Ausseminister-Treffen a Kanada, 5 Jugendparteien zu enger méiglecher Pensiounsreform a besser Zesummenaarbecht fir jonk Réi ze retten

Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?
Mir froen deen neien Direkter vum nationalen Archeologie-Institut, den David Weis.

Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper
Den DP-Schäffe reagéiert op de Sträit tëschent der Oppositioun an dem CSV-Buergermeeschter Marc Lies.

Rumänien: rietsextreeme Presidentschaftskandidat ausgeschloss
De Calin Georgescu, deen Enn November bei den duerno annuléierte Walen déi meeschte Stëmme krut, däerf net méi untrieden. De Cristian Predo, Politolog op der Uni Bukarest, erkläert d'Hannergrënn.

Méiglech nei Missioun fir d’SEBES: Drénkwaasser aus der Musel
2035 oder 2040 kéint et esou wäit sinn, datt aus Muselwaasser Drénkwaasser gëtt: domat rechnen den Ëmweltministère an de Syndikat SEBES.

De Xavier Bettel am Noen Osten
De Lëtzebuerger Ausseminister war déi lescht zwee Deeg an Israel an a Palästina. Am 100,7-Interview zitt hien e Bilan vu senge Gespréicher.
Dat bréngt den Dag
US-Taxen op europäesche Stol an Aluminium, Vertrieder vum Bistum an der Caritas-Spezialkommissioun an Urteel um EUGH an der Affär Semedo

Dag vun der politescher Bildung
D’Marnie Ecker vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt Detailer iwwer déi Journée zum Theemekomplex Demokratie an Digitalitéit muer (13.3.) an der Abtei Neimënster.

Wat ass d'Erfollegsrezept vun der Lëtzebuerger Fussballschoul?
Mir froen den techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, de Manuel Cardoni.

Super Senior
Fir als Super Senior Nohëllef kënnen ze ginn, muss ee fir d'éischt Tester packen.

Large-Scale-Testing: Zweet Reunioun vun der Budgetskontrollkommissioun
An der Budgetskontrollkommissioun goufen d’Stéphanie Weydert (CSV) an d’Sam Tanson (déi gréng) gëschter als Co-Rapportricen agesat. An d’Cour des comptes huet weider Zuele geliwwert.

E Marsch fir den neie Grand-Duc
D’Frënn vun der Militärmusek organiséieren e Concours. E Jury an de Public sollen decidéieren, wéi eng Kompositioun als "Marsch Grand-Duc Guillaume" zeréckbehale gëtt.

MeluXina AI
Lëtzebuerg soll e KI-Supercomputer kréien, dee - wéi de Supercomputer Meluxina - an den Datacenter um Rouscht stoe kënnt. Wat bréngt dee KI-Supercomputer Lëtzebuerg.
Dat bréngt den Dag
Een Urteel, ee Prozess-Optakt an eng Aarbechtsvisitt vum belschen a vum hollännesche Premier
Housing First: Wéi fonktionéiert déi Offer fir Leit op der Strooss?
Mir froen de Raoul Schaaf vum CNDS, dem Comité National de Défense Sociale, deen esou Projete bedreift.
