Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem Fräie Mikro hei geheie mir schonn e Bléck no vir op d’Rentrée. Vun Hierscht u mussen d'Schüler:innen zu Lëtzebuerg nämlech méi laang an d’Schoul goen. D'Schoulflicht gëtt vu 16 op 18 Joer erhéicht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncéiert.
D‘Iddi ass gutt, mee d’Schoulen hunn elo e grousse Problem, seet d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.