2013 ass Kroatien Member an der EU ginn. Zënterhier ass d’Europäesch Unioun net méi gewuess.
Virun der Dier stinn zéng Länner, déi Interêt ugemellt hunn. Eent dovun, Montenegro, huet reell Chancen an zwee Joer den 28. Member vun der EU ze ginn.
Dat huet d’Europäesch Kommissioun dem klenge Land um Balkan gëschter offiziell attestéiert - an hirem neie Rapport iwwer d’EU-Erweiderung, dee gëschter presentéiert gouf.
D’Zensure falen net fir all d’EU-Kandidate gutt aus, mee och un deenen, déi ewéi d’Tierkei eng Datz kréien, ass d’EU weider interesséiert.
D’Danièle Weber doriwwer, wou den Erweiderungsprozess vun der Europäescher Unioun drun ass.