“A new Deal for Europe” - ënner deem engleschen Titel huet d’AfD an enger Pressekonferenz am Europaparlament zu Stroosbuerg hir Visioun fir d’Europäesch Unioun virgestallt.
D’Partei, déi vum däitsche Verfassungsschutz als “geséchert rietsextreemistesch” agestuuft gëtt, geet dobäi net zëmperlech mat der EU ëm: Hiert Zil ass et ënner anerem, d’Europawahlen ofzeschafen an d’Roll vun der Europäesch Kommissioun staark ofzeschwächen.
D’Danièle Weber doriwwer, wat sech d’AfD fir d’EU vu muer wënscht.