Panorama
Moiespanorama
10 min
Fall vu Riedelen op engem Vol vun Oslo op Lëtzebuerg / 11 Doudeger a China wéinst extreeme Reeschaueren / Studenteprotester am Bangladesch eskaléieren
1. Bei engem Passagéier u Bord vun engem Vol den 12. Juli vun Oslo op Lëtzebuerg goufe Riedelen diagnostizéiert. Dat huet de Gesondheetsministere gëschter Owend matgedeelt
2. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no an de leschte Wochen Affer gi vun engem risege Bedruch. Eng gutt plazéiert Mataarbechterin steet am Verdacht, der sozialer Organisatioun ronn 60 Milliounen Euro geklaut ze hunn
3. De Sträit bannent der Piratepartei geet an eng weider Ronn. No Aussoe vum Deputéierte Marc Goergen gëschter bei RTL, hat de Sven Clement d‘Press zesummegeruff. Hie geheit dem Marc Goergen an dem Ben Pollidori vir, Netto-Suen aus der Partei erausgezunn ze hunn
4. Am Norde vu China koume wéinst extreeme Reeschaueren op d’mannst 11 Mënschen ëm d‘Liewen. Gëschter war zu Shangluo an der Provënz Shaanxi eng Autobunnsbréck iwwer engem Floss zu engem Deel agebrach.
5. Vill Doudeger bei Studenteprotester am Bangladesch. Eleng gëschter solle 56 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn
Presentéiert vum
- Marlène Clement