1. D‘Regierung sollt de Wunnengsnoutstand ausruffen, fuerdert den neie Kollektiv Logementskris.
2. Mënsche mat enger Beanträchtegung kënnen hei nach ëmmer net fräi decidéieren, wou a wéi si liewe wëllen, kritiséiert déi konsultativ Mënscherechtskommissioun.
3. Déi franséisch Justiz geet dovun aus, datt eng Unitéit vun den iranesche Revolutiounsgarden hannert dem Cyberugrëff op Frigoen a Supermarchéeën a Frankräich stécht.
4. Déi annoncéiert Hausse vum Mindestloun a Frankräich geet de Gewerkschaften net duer.
5. De britteschen Ex-Komiker Russell Brand gouf wéinst Vergewaltegung a sexuellen Aggressiounen zu 10 an engem hallwe Joer Prisong veruerteelt.