Panorama
Owespanorama
13 min
1. D’EU soll méi kompetitiv ginn. Doriwwer ware sech déi 27 Staats- a Regierungscheffen haut um informellen EU-Sommet zu Budapest eens
2. D’LSAP-Fraktioun adresséiert sech an engem oppene Bréif un d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a fuerdert si op Stellung zu de kierzlech ageféierte Grenzkontrollen am Schengeraum ze bezéien
3. De Bundeskanzler Olaf Scholz weist sech um Bord vum informellen EU-Sommet zu Budapest verhandlungsbereet, wat den Zäitplang fir eng Neiwal an Däitschland ugeet. Dat misst séier geschéien, sot hien
4. A Gaza maache Fraen a Kanner 70 Prozent vun den Doudesaffer aus. Zu deem Constat kënnt den UN-Héichkommissariat fir Flüchtlingen an engem neie Rapport
5. No den Attacken op israeelesch Fussballsupporter zu Amsterdam rifft den nationale Sécherheetsrot vun Israel israeelesch Staatsbierger dozou op, den Owend net op ee Basketmatch vu Maccabi Tel Aviv zu Bologna an Italien ze goen
Presentéiert vum
- Marlène Clement