Panorama
Mëttespanorama
10 min
1. Europameeschterschaft am BMX Freestyle Flatland den Owend an de Rotonden. Et ass déi éischte Kéier datt déi EM zu Lëtzebuerg ofgehale gëtt.
2. Den 1. Januar erhéicht sech den onqualifizéierte Mindestloun ëm 2,6 Prozent, wat eng Erhéijung vun ongeféier 2.570 Euro op 2.637 Euro bedeit.
3. A Georgien huet sech déi provisoresch Walvictoire vun der Regierungspartei bestätegt.
4. US-President Donald Trump seng Walkampf-Spriecherin Karoline Leavitt soll Spriecherin vum Wäissen Haus ginn.
5. D‘Telefonsgespréich gëschter tëschent dem däitsche Kanzler Olaf Scholz an dem russesche President Vladimir Putin, stéisst op schaarf Kritik beim ukrainesche President Selenskyj.
Presentéiert vum
- Marlène Clement