Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. D‘Chancë ginn ëmmer méi kleng fir nach Iwwerliewender nom Fligerongléck hënt beim Ronald Reagan Fluchhafen zu Washington ze fannen
2. Deen neie Gehälteraccord fir den ëffentlechen Déngscht bréngt vill Verbesserunge fir Employéë mat sech: Dorop huet de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger de Moien als Invité vum Dag verwisen
3. Déi Europäesch Investititounsbank huet zejoert däitlech méi Sue wéi virdrun an d’Sécherheet an d’Defense gestach.
4. Déi islamistesch Terrororganisatioun Hamas huet weider Geisele fräigelooss
5. Kritik aus den eegene Reien: Déi fréier Bundeskanzlerin Angela Merkel sot et wier falsch, datt fir d‘éischte Kéier e majoritäre Vott mat de Stëmme vun der AFD zustane koum
Presentéiert vum
- Jacques Ganser