Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. Den Doud vun enger Koppel am Alter vun 72 respektiv 73 Joer virun annerhallwem Joer zu Groussbus bleift ouni juristesch Konsequenzen, dat wéinst mentale Problemer vum Täter
2. D’Chamber huet dem Parquet d’Fäll vu Problemer bei der Parteiefinanzéierung am Joer 2023 gemellt: dat huet de Generalsekretär vun der Chamber dem radio 100,7 haut op Nofro hi matgedeelt
3. Et wier schwiereg als jüddesch Persoun déi israeelesch Palästina-Politik ze kritiséieren, dat sot haut d'Martine Kleinberg, Presidentin vu Jewish Call for Peace
4. Den Donald Trump wëllt den Internationale Strofgeriichtshaff - den IstGH vun Den Haag - sanktionéieren an huet elo en deementspriechend Dekreet ënnerschriwwen
5. Zu Bréissel koum et hënt op en Neits zu enger Schéisserei. Zu Anderlecht gouf e Mann déidlech vu Kugele blesséiert
Presentéiert vum
- Jacques Ganser