1. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij wëllt zesumme mat sengem US-Homolog Donald Trump un engem gerechte Fridde fir d’Ukrain schaffen. Viru Friddensverhandlunge sollt et deemno zu enger Wafferou an der Loft an um Waasser kommen
2. Fir de Luc Frieden soll Lëtzebuerg am Ukrain-Konflikt op der richteger Säit vun der Geschicht stoen. Eist Land stéing weider zu der Ukrain, an eis Sécherheetsausgabe misste fundamental reorientéiert ginn, sot de Premier
3. De Comité permanent du travail et de l‘emploi ass fir den Aarbechtsminister Georges Mischo net déi richteg Plaz, fir iwwer d’Kollektivvertragsgesetz ze diskutéieren. Vill méi soll deen um Sozialdësch en Theema sinn