1. Ëm ronn zwee Méint ginn d’Aarbechte vun der Spezialkommissioun Caritas vun der Chamber verlängert. U sech sollten déi bis Mëtt Abrëll ofgeschloss sinn; elo geet et bis Nationalfeierdag an d’Verlängerung
2. Am Februar louch den Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg, op ee Joer gekuckt, bei 1,7 Prozent: Dat huet de Statec an der Mëttesstonn matgedeelt. Eng nächst Indextranche ass weider fir dat zweet Trimester vum Joer virgesinn
3. An de Sondéierungsgespréicher fir eng nei däitsch Regierung goufe sech CDU/CSU an SPD gëschter eens iwwer eng an Zukunft méi labber Scholdebrems. Dat hat haut ganz positiv Auswierkungen op d’Bourse zu Frankfurt