1. Lëtzebuerg muss der EU-Kommissioun eng Strof vun 375.000 € bezuelen, well d’EU-Direktiv iwwer sougenannt Whistleblower ze spéit an nationaalt Recht ëmgesat gouf
2. Zu Bréissel ass haut e Krisesommet vun der EU: d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 Member-Länner sinn zesummen, fir iwwer déi Europäesch Defense an d’Ënnerstëtzung vun der Ukrain ze schwätzen
3. Russland huet d‘Ukrain op en Neits an der Nuecht attackéiert. Zu Krywyj Rih am Südoste vum Land gouf en Hotel getraff
4. Deen alen däitsche Bundestag kënnt nächsten Donneschdeg an déi Woch drop dënschdes fir Spezialsitzungen zesummen
5. Zu Frankfurt sinn d‘Gouverneuren vun der EZB haut zesummen … et gëtt domat gerechent, datt si de Leedzens openeits ëm 0,25 Prozentpunkten erofsetzt