1. 121 Doudeger an eng zeg Blesséierter, dorënner vill Kanner, dat ass de leschte Bilan vun enger israeelescher Attack hënt an der Gaza
2. An Däitschland entscheet de Bundestag haut doriwwer, ob de milliardeschwéiere Scholdeprogramm vun Unioun, SPD a Gréngen ugeholl gëtt
3. Viru sengem Telefonsgespréich haut mam russesche President Wladimir Putin huet den amerikanesche President Donald Trump sech optimistesch gewisen
4. Zwee Astronauten, déi zënter néng Méint op der internationaler Raumstatioun ISS festsetzen, sollen haut mat enger Crew-Dragon-Kapsel nees zeréck op d‘Äerd
5. Gutt ee Mount no senger Aliwwerung an d‘Spidol kann de Poopst François nees ouni Sauerstoffbehandlung ootmen