1. Eng ganz Rëtsch Gesetzesprojete gounge gëschter duerch de Ministerrot. Ë. a. deen iwwer d’Weiderféiere vun der Bedeelegung vum Staat un engem Deel vun de Stroumnetzkäschte fir Stéit a Betriber d’nächst Joer an Héicht vun 150 Milliounen €
2. Op Grond vun den uerge Bëschfeieren am franséischen Département Gironde sinn d’Awunner:innen aus weidere Gemengen no bei Bordeaux evakuéiert ginn. Bis elo goufen am Ganzen eng 30.000 ha Land zerstéiert
3. Am Tour de France am Cyclissem steet haut, um zweetleschten Dag, souzesoen eng mäerderesch Etapp um Menu vun de Coureuren. Si mussen haut ee Bierg vun der 1., 3 Bierger hors-catégorie plus d’Alpe d’Huez erop iwwerwannen