1. De Finanzminister Gilles Roth (CSV) huet de Projet fir de Staatsbudget 2027 de Moien an der Chamber deposéiert a presentéiert, grad wéi de Projet fir d’Finanzprogrammatioun bis 2030. Beim Zentralstaat soll et 2027 een Defizit vun iwwer 1,9 Milliarden Euro ginn. D’Ausgabe solle liicht manner staark klamme wéi d’Einnamen.
2. Vill Suen, mee ze wéineg strukturell Äntwerten: D'Oppositioun reagéiert gréisstendeels kritesch op de Budget 2027.
3. De Nobelpräis fir Chimie geet dëst Joer un de Fransous Henri B. Kagan an un de Japaner Kenso Soai, dat wéinst hiren Aarbechten am Beräich vu Spiggel-Molekülen ander Medikamentefuerschung
4. Déi franséisch Police dierf bei der Schülerprotester bis op weideres kéng Schockgranate géint d‘Demonstrante méi benotzten. Den Direkter vun der nationaler Police huet eng Suspensioun gefuerdert nodeems e Méindeg zu Lens e Schüler vu 15 Joer eng Hand verluer huet