De rumänesche Komponist George Enescu war 19 Joer al, wéi hie säi Sträichoktett an Do Majeur geschriwwen huet. An der Adaptatioun fir Sträichorchester, déi e puer Joer méi spéit erauskomm ass, spillt nieft der Sologei och d’Solobraatsch eng wichteg Roll.
A genau déi Roll huet d’Tabea Zimmermann an der Produktioun ageholl, déi d’Tanja Duprez fir de Plackespiller dës Woch erausgesicht huet. Si schafft reegelméisseg mam Hamburger Ensembel Resonanz zesummen – esou och fir dës Opnam.
Um Programm steet iwwerdeems och dem Benjamin Britten säi Wierk “Lachrymae – Reflections on a song by John Dowland”. Eent vun de leschte Wierker, dat de brittesche Komponist jee fäerdeg gestallt huet. Domat kënne mir eis op eng Produktioun voll mat kontrasträiche Resonanze freeën.