“Assassin's Creed - The Piano Collection” ass déi neiste Produktioun vum franséische Pianist Nicolas Horvath an och musikalesch Panoplie aus de leschte knapp 20 Joer vun der bekannter Action-Adventure Videospillrei.
De Pianist Nicolas Horvath an d'Arrangeurin Julie Lamontagne huelen ee mat an 900 Joer Geschicht a Form vun neien Arrangementer. Si gestalten ee konzeptuellt Ganzt a suerge mat engem Piano fir ee weideren Haaptduersteller um Album. Ze héieren ass nämlech de perséinleche Fligel vun enger vun de gréisste Pianospedagoginnen aus dem 20. Joerhonnert: der Nadia Boulanger.