Spuenesch Komponiste kommen engem net als alleréischt an de Sënn, wann een un déi grouss Sträichquartett-Literatur denkt. Dobäi gëtt et duerchaus vill Repertoire fir dës Formatioun.
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert war a Spuenie generell eng kreativ Héichphas. Et gouf nämlech net nëmme Les Six zu Paräis an de Grupp vun de 5 Komponisten zu St. Petersburg. Madrid hat säin eegene Grupo de los Ocho - de Grupp vun den 8 Komponisten.
De Seikilos Quartet huet sech dofir decidéiert, d'Sträichquartett-Literatur aus där Zäit opzeschaffen a mat Opnamen ze veréiwegen. Dräi vun de siwe Komponisten, déi um Album "The Madrid Conservatory String Quartets" vertruede sinn, waren och Deel vum Grupo de los Ocho.
Et ass e grousse Projet, mat deem de Seikilos Quartet der spuenescher Museksliteratur duerch nei Opnamen net nëmmen e liewegt Gesiicht ginn huet. Et ass och eng Produktioun, mat där de Quartett seng Bestëmmung definéiert a sech als etabléiert Formatioun presentéiert.