Vu jiddescher Mystik bis zu enger Reflexioun iwwer d'Stierwen: Op hirem Album "Encounter" begéinen den Arethusa Quartet an de Klarinettist Chen Halevi zwee Wierker vun zäitgenëssesche Komponisten.
"The Dreams and Prayers of Isaac the Blind" (1994) ass e Stéck fir Sträichquartett a Klarinett am Klezmer-Stil vum argentinesche Komponist Osvaldo Golijov. Den Isaac de Blanne war e Rabbiner a Kabbalist aus dem 12. an 13. Joerhonnert, an am Golijov sengem Stéck ass hien op enger spiritueller Sich no der gëttlecher Natur.
Dem Pēteris Vasks säi Sträichquartett Nr. 6 (2019) thematiséiert den Abschid vum Liewen a freet, wéi et nom Doud weidergeet.
Zwee spirituell Wierker op der Sich no enger méi héijer Wourecht, an dat an enger raffinéierter Interpretatioun, fir déi d'Museker:innen enk mat de Komponisten zesummegeschafft hunn.