Zeréck an d’Zäit wou een sech praktesch ëm näischt Gedanke gemaach huet. Zeréck an déi Joren, wou ee senger Kreativitéit fräie Laf loosse konnt. Zäit, déi een dann och dacks an der Sandkëscht verbruecht huet.
Vu verspillte Kanner-a Kinosmelodien, iwwer Crossover Klassik bis hin zu traditionelle Landesmuseken.
Philharmonix huet op dësem Album quasi eng eenzeg Reegel. An zwar déi, datt et keng Reegele ginn! Si brénge Mozart, Schubert an Debussy grad esou op deen heiten Album wéi Beatles, Star Wars an eben d’Pipi Langstrumpf.
D'Musek kléngt mol verspillt, onschëlleg a waakreg, mol dänzeresch mat 7/8 Takt am Bossa-Nova-Stil. Mee den Album kann och feiereg a virtuos. A virun allem: dynamesch faarweg, afallsräich an extrem kreativ.
"Fir mech ass Sandbox Vol.5 vu Philharmonix wéi als d’Kand de Besuch am Séissegkeetebuttek. Et erwaart ee sech ee klenge Choix, mee soubal een dobannen ass, kritt een esouvill gebueden, datt een am léifste net méi fort wéilt. An et kritt een es net genuch vum Konsuméieren!" - sou de Resumé vum Lex Kauffmann, deen sech den Album (méi wéi eng Kéier) ganz ugelauschtert huet.
"Philharmonix - Sandbox Vol.5" ass eise Plackespiller an domat och Album vun der Woch!