De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
- De Lëtzebuerger Komponist Ivan Boumans feiert den 12. Mee 2026 seng nächst Uropféierung mam Sinfonieorchester vu Liechtenstein an dem Kontrabassist Marc André.
- Mir maachen de Réckbléck op d'Liewe vum Komponist Franz Schubert (1797-1828), deen dës Woch säin 197. Doudesdag hat.
- An och de Festival fir zäitgenëssesch Musek, rainy days steet mat senger mëttlerweil 25. Editioun am Fokus vu Resonanzen.