“Es wird erst dann eine grosse Komponistin geben, wenn der erste Mann ein Kind zur Welt gebracht hat.” Johannes Brahms
“Reproductives Genie kann dem schönen Geschlecht zugesprochen werden, wie productives ihm unbedingt abzuerkennen ist. Eine Componistin wird es niemals geben, nur etwa eine verdruckte Copistin. Ich glaube nicht an das Femininum des Begriffes: Schöpfer.” Hans von Bülow
Esou nëmmen e puer Zitater aus dem leschte Joerhonnert, wann et ëm d’Roll vun de Fraen an der Musek geet.
Mee am Resonanzen-Spezial vun haut um Weltfraendag beweise mir um Opus, datt et sech a Wierklechkeet ganz anescht verhält. Et gouf nach ëmmer Komponistinnen! Esouguer schonn am anticke Griichenland gouf et wichteg Musekerinnen, wéi zum Beispill d’Sappho , déi zu Liefzäiten eng richteg Berüümtheet war an déi esouguer nach 200 Joer no hirem Doud vum Platon als Inspiratiounsquell bezeechent gouf.
Komponistinne sinn also keen neie Phenomeen, mee e feste Bestanddeel vun der Museksgeschicht. An dofir spille mir a Resonanzen vun haut nëmme Musek vu Komponistinnen.
Am Häerzstéck vun dëser Woch huet sech och alles ëm eng Komponistin gedréit, well d’Marie Trussart hat sech hei der Cécile Chaminade hir Sonat fir Piano méi genee ugekuckt. An am Gespréich mam Lex Kaufmann erkläert d’Marie Trussart, wéi déi franséisch Komponistin bewosst d'Grenze vun der Sonat erweidert an domat d'Erwaardunge vum Nolauschterer an Nolauschterin sprengt.
Mir kucken och zeréck op de Plackespiller vun dëser Woch, wou d’Marie Schockmel en Album vun der rumänesch-brittescher Pianistin Alexandra Dariescu virgestallt huet. Si huet sech mat dësem Album e klenge Kandheetsdram erfëllt an zu eiser grousser Freed sinn op dësem Album och vill Komponistinnen drop vertrueden.
Ausserdeem krute mir dës Woch um Opus all Dag eng aner Komponistin virgestallt. An zwee vun dëse Gespréicher lauschtere mir hei och eran, nämlech an dat iwwer déi zäitgenëssesch Komponistin Errollyn Wallen an an dat iwwer déi grouss Feministin Ethel Smyth.