D’Marie Schockmel begleet Iech mat flotter klassescher Musek duerch den éischten Adventssonndeg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
- De Lëtzebuerger Komponist Ivan Boumans feiert den 12. Mee 2026 seng nächst Uropféierung mam Sinfonieorchester vu Liechtenstein an dem Kontrabassist Marc André.
- De jonke Lëtzebuerger Komponist Nik Bohnenberger schwätzt am Opus-Podcast “Klassik Talk” ganz oppen iwwer d'Erausfuerderungen zäitgenëssesch Musek méi zougänglech ze maache fir de breede Public.
- An eisem aktuelle Plackespiller ass Musek aus Rumänien an US-Amerika. Et ass deen neien Album “ROmerican Avant-garde” vum jonke Pianist Dinu Mihailescu.