65. Gebuertsdag:
De Wynton Marsalis gouf, wéi sech dat fir en Jazz-Museker idealerweis ubitt, zu New Orleans an eng Musekerfamill eragebuer - eng Famill mat lauter international bekannten Jazz-Museker.
De Wynton Marsalis gouf am Laf vu senger Karriär vu Kritiker als den Nofollger vum Dizzie Gillespie bezeechent. Aussergewéinlech a sengem Kompositiounskatalog ass, datt de Wynton Marsalis sech och ëmmer nees mat Gattungen aus der Klassik beschäftegt huet, och wann hien zimmlech kloer am Jazz-Still bleift.
Den aktuelle Plackespiller:
Een Album mat gewëssem Retro-Sound bréngt den ungaresche Pianist András Schiff ënner dem Label ECM New Series eraus. Dorop ze héiere sinn d'Interpretatioune vum 72 Joer ale Museker op engem Blüthner-Fligel aus dem Joer 1859. Deemno och aus der Zäit vum Johannes Brahms!
Gebuede kritt ee keng grouss Virtuositéit oder Romantik, dofir awer ee melancholeschen an intime Programm an en transparenten an zaarte Klang.
Den András Schiff begleet een duerch eng musikalesch Liewensrees vum Brahms, vun éischte Kompositiounen hin zu Spéitwierker.