Wéi brénge mir Iech a Stëmmung?
De Christophe Mirkes an de Lex Kauffmann hu vill schéi Chrëschtmusek erausgesicht, fir Iech op Hellegowend anzestëmmen. Mat dobäi sinn och Äntwerten, déi Dir hinne ginn hutt, wéi si mam Mikro an der Stad ënnerwee waren. Lauschtert Dir klassesch Musek fir Chrëschtdag? Wéi vill Sue gitt Dir am Joer fir Chrëschtkaddoen aus?
An d'Mataarbechter:innen aus de Redaktioune vum Radio a vum Opus 100,7 hunn och verroden, wéi eng Musek bei hinnen doheem an der Chrëschtzäit leeft.