Dem Benjamin Britten seng dräi Suitte fir Cello si bekannt dofir, komplex ze sinn a voller moderner Spilltechniken, wat nawell en Challenge fir d'Persoun um Instrument ka sinn. Déi jonk norwegesch Cellistin Amalie Stalheim weist op hirem neien Album, dem Opus Plackespiller, wéi virtuos dës Wierker sinn. Si spillt ganz expressiv an op eng intim Aart a Weis, esou wéi wa si sech déif verbonne géif fille mat der Musek a mam Komponist, wéi hien dës Noute geschriwwen huet.
Et mierkt ee kloer, datt d’Amalie Stalheim ganz nodenklech a voller Emotioune spillt. Si léisst all Faarwe vum Cello richteg erauskléngen. Mol ass d’Stëmmung méi düster, mol ass se méi positiv, an dat wiesselt andauernd am Laf vun deenen dräi Suitten.
Eppes ass dobäi kloer: d’Amalie Stalheim ass immens upassungsfäeg an och talentéiert, wann et ëm emotionaalt Spillen um Cello geet.
An eisem Opus-Podcast Klassik Talk wëlle mir d’Perséinlechkeeten hanner de Museker:inne méi genee kenneléieren. Eise 15. Invité ass de Joshua Bell.
Dee weltberüümte Geiist koum den 9. Dezember 1967 am US-amerikanesche Staat Indiana op d’Welt. Mat 21 Joer ass hien dann op New York geplënnert an huet sech een Appartement zu Manhattan kaaft.
Hie koum schonn dacks op Lëtzebuerg fir seng Concerten, zemools an d’Philharmonie um Kierchbierg, an dat meeschtens am Kader vu Concertstournéeën. Dat ass och de Fall fir säin nächsten Optrëtt an der Philharmonie den 12. Januar mam Programm “Spring in the Heart of Winter”.
Allgemeng ass hie vill beschäftegt. Op d’mannst 200 Deeg pro Joer reest hie fir seng Concerte ronderëm d’Welt. Am éischten Extrait vum Klassik Talk verréit hien am Gespréich mam Marie Schockmel, ob hien ee grousse Supportsystem ëm sech brauch oder och eleng gutt eens gëtt, an ob hien och emol absolut näischt maache kann.