An de Resonanzen dës Kéier kucke mir zeréck op eng ganz spannend Woch. De Lex Kauffmann gëtt eis en Iwwerbléck iwwer d’Gewënner:inne vun den International Classical Musik Awards. Am Plackespiller vun dëser Woch huet de Jeremy Ney eis eng Sammlung vu Lieder virgestallt, déi awer all ouni Gesang sinn! D’Marie Schockmel huet sech mam Joshua Bell iwwer d’Liewen zu Manhatten ënnerhalen, an am Häerzstéck vun dëser Woch huet d’Marie Trussart en neie Bléck op en ale Klassiker gehäit.
Dernieft gëtt et natierlech déi schéinste klassesch Musek a flott Anekdoten iwwer d’Komponisten an hiert Liewen.