E Concert voller Fraepower, en neien Album dee vill Iwwerraschunge mat sech bréngt, en Zuelemensch deen eng nei Bün fënnt an e Meeschter deen e Meeschter veréiert.
Am Klassik Aktuell kucke mir op e Concert vum Her Ensemble, deen sech et zur Missioun gemaach ausschliisslech Musek vu Komponistinnen ze spillen. Si sinn dëse Sonnde fir e Concert am Cape, an d’Musikologin Noémie Deitz hält eng Konferenz mam Titel ‘Frauen schreiben Musikgeschichte’.
De rumänesche Komponist George Enescu war 19 Joer al, wéi hie säi Sträichoktett an Do Majeur geschriwwen huet. An der Adaptatioun fir Sträichorchester, déi e puer Joer méi spéit erauskomm ass, spillt nieft der Solo-Gei och d’Solo-Braatsch eng wichteg Roll.
A genau déi Roll huet d’Tabea Zimmermann an der Produktioun ageholl, déi d’Tanja Duprez fir de Plackespiller dës Woch erausgesicht huet. Um Programm steet hei awer och dem Benjamin Britten säi Wierk “Lachrymae – Reflections on a song by John Dowland”. Eent vun de leschte Wierker, dat de brittesche Komponist jee fäerdeg gestallt huet.
25 Joer laang war de Claude Mangen beim Radio 100,7. Als Speaker, awer och an der Coordinatioun. Fir hie war de Radio ëmmer eng Form vu Bün, bei där hien éischter am Hannergrond Regie gefouert huet. Am Klassik Talk vun dëser Woch erzielt hien, wéi hien an enger Zäit wou den Internet nach net relevant war, d’Grënnung vum soziokulturelle Radio erlieft a matgestalt huet a firwat d’Dokumentatioun vun der Kulturgeschicht him sou vill um Häerz louch.
Dem Anton Bruckner seng 3. Sinfonie a Re mineur gëtt och d'Wagnersinfonie genannt. Den Titel kënnt vum Bruckner selwer, den en extreme Fan vum Wagner war. Wéi extrem? Dat erzielt d'Marie Trussart dem Lex Kauffmann am Häerzstéck vun dëser Woch.