Een Dag no Vältesdag kucke mir wéi et mat der Léift an der klassescher Musek ausgesäit. Mat spannende Geschichten iwwer déi verschidde Museksstécker mee och iwwer verschidde Komponisten, gi mir op d’Sich no der grousser, éiweger Léift! Mee iwwerhaapt hat dës leschte Woch d’Léift eis alleguer an der Opus-Redaktioun de Kapp verdréit, an eis fest am Grëff.
Am Plackespiller vun dëser Woch ass et ëm den Häerzenswonsch vum spuenesche Cembalist Yago Mahúgo gaangen, fir d’Integral vum François Couperain senge Stécker fir Clavier opzehuelen. An d’Marie Trussart huet sech dowéinst dësen Album zu Häerz geholl.
Am Häerzstéck vun dëser Woch huet d’Carole Mallinger-Leyers versicht de Lex Kauffmann mat senger Léift fir dem Augusta Holmès säi Wierk “La Nuit et l’Amour” unzestiechen.
Am Klassik Talk mécht de Lëtzebuerger Komponist Hy-Khang Dang senge Frënn eng immens beréierend Libeserklärung.
An am Klassik Aktuell ass d’Marie Trussart onheelbar vum Libes-Virus infizéiert ginn. Also ganz einfach zesummegefaasst; Love is in the Air!