De Pietro Mascagni ass den 2. August 1945 gestuerwen, also haut virun 81 Joer. Hautzedaags ass hien haaptsächlech wéinst enger Oper bekannt, der “Cavalleria rusticana”. An déi lauschtere mir eran, mat der onverkennbarer Stëmm vum Luciano Pavarotti.
Mir kucken och op déi éischt Saison vun den neien Intendante vum mosel musikfestival. Si hunn nämlech e Festival-Atelier ageféiert. Bei deem kann ee sech mellen, fir Concertsprogrammer matzegestalten.