Deen éischten Hierschtstuerm fir dëst Joer hu mer hannert eis. Natierlech ass dat een Thema, dat och an der Musek seng Plaz huet: "Unter Donner und Blitz" vum Johann Strauss, Stuerm an Donnerwieder an der Alpensymphonie vum Richard Strauss oder an der Pastorale vum Ludwig van Beethoven … Wéi e Stuerm duerch Resonanzen bléist ... loosst iech iwwerraschen.
Quasi am Stuerm huet den Trio E.T.A. d’Klassikzeen eruewert. Fir d’éischt gouf et Präisser iwwer Präisser a viru Kuerzem koum deen neien Album „un///known“ eraus. A Resonanzen erënnere mer dann och nach un een hollännesche Musekswëssenschaftler a proposéiere selbstverständlech Musek, déi op den Dag vun Allerhellege passt.